
12/11/2024
Virun 2 Woche war bäi iis rëm Brennerdag 😃
Iis hott et alt erëm Spaass gemaach a mir hoffen eech och 🙂
Merci der Amicale Foyer Pietert fir hire super Assz an der Kichen an och iise villen a engagéierten Helping Hands ooni déi dat Ganzt net ze stemme wier! 😊💪
Merci och de Kolleege vun der Zigarskärchen.
Ganz grousse Merci dem Marc Hansen (De Marc - Music & Entertainment) fir deen immens flotte Concert (souwuel op der Terrasse an der Sonn, wéi bannen am 'Schaffmilltheater' 😉) an natierlech all iise Visiteure fir hire Besouch! 😊